top of page

Alter

23-100  Joer

D‘Albatrossen sinn Erwuessener vun 23 bis 100 Joer.

Hir Ziler sinn di nämlech wie déi vum ganzen Verband. Mee eleng duerch den Alter erginn sech aner Méiglechkeeten an Ufuerderungen.

Versammlungen

D'Albatrossen treffen sech vun Zäit zu Zäit fir hier gemeinsam Aktivitéiten ze plangen.

Mell dech bei eis wans du wësse wels, wéini eis nächst Versammlung ass! 

Aktivitéiten

Familiär

Nieft hiren Versammlungen hëllefe si dem Grupp bei den Preparatiounen vun gréisseren Events. Außerdeem organiséieren d'Albatrossen flott  Grillowenter oder ginn zesummen op Sortien.

D'Method

D’Albatrossen sinn op fir déi Scouten, déi aus den Raro erauswuessen. Se gëtt all deenen d’Méiglechkeet sech nach aktiv ze bedeelegen oder och einfach nëmmen Deel vum Grupp ze bleiwen, wa se am Beruffs- oder Familljeliewe stinn. 

De Numm vun der Branche „Albatross“ ënnersträicht, dass des Scouten manner un Zäiten an Reegelen gebonne sinn. 

bottom of page