top of page

Alter

11-14  Joer

AvEx ass d’Ofkierzung vun Aventuren an Explorer, dat sinn Jugendlecher vun 11 bis 14 Joer. 

Versammlungen

16:00 - 18:00 Auer

D’Versammlungen fannen all Samschden vun 16:00 bis 18:00 Auer an eisem Home statt.

Aktivitéiten

Villfälteg

D’Avex maachen niewent hire Versammlungen an Sortien och all Trimester e Weekend, souwéi e groussen Camp am Summer, wou si 10 Nuechten an Zelter hei am Land oder am Ausland verbréngen, fir d’Joer ofzeschléissen. 

D'Method

An den Avex sollen déi Jugendlech léieren sech selwer z'organiséieren, sech anzesetzen, selwer Decisiounen ze huelen, di Aaner ze respektéieren, sech z’engagéieren an am Grupp ze liewen an ze agéieren. Et geet manner drëms no de Reegelen ze liewen, déi d’Cheffen opstellen, mee des als Orientéierungshëllef ze gesinn. Des ass eng vun de groussen Neierungen di op déi Jugendlech an dësem Alter duerkënnt, si kennen an sollen d’Méiglechkeet hunn, hier Stëmm ofzeginn an hier Meenung matzedeelen.

Dëst kennen si an de sougenannten Patrullen ënner Beweis stellen. Dëst si kleng Gruppen an deene si wärend de Versammlungen, ewéi och um Camp mussen léieren Verantwortung ze droen an an dësem Grupp ze agéieren, zum Beschte vun all Member vun dëser Grupp. 

_20170725_204306_1_edited.jpg

Feier

Hike

Zelt

Respekt

Badge

Patrull

Zesummenhalt

Kachen a Brachen

Anker 1
bottom of page