1. Wien oder wat sinn d’Biber?

D’Biber sinn eis jéngste Scouten. Si sinn op fir Kanner aus dem éischten an zweeten Schouljoer.
An der Bibermethod wëlle mir de Kanner d’Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do as, de Respekt fir deen aneren a fir dNatur méi no bréngen. D’Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesumme liewen begeeschtert gin a mir wëllen déi fir d’Kanner typesch positiv Astellung ënnerstëtzen. D’Kanner sollen an hirer Entwécklung gestäipt gin, si solle léieren sech auszedrécken. Si erliewen dass mir all zu enger grousser Famill gehéieren, dass mir all d’selwecht sin, och wa mir aner Kulturen, aner Reliounen, eng aner Sprooch oder eng aner Hautfaarf hun. Wéi d’Biber an der Natur, léieren d’Kanner hiirt Ëmfeld ze erfaassen an erliewen d’Schéinheete vun der Natur ouni awer d’Geforen ze ignoréieren.
D’Haaptelementer fir de Kanner d’Bibermethod méi no ze bréngen sin d’Bibergeschicht, d’Kniwwel an d’Spill. Mat enger klenger Geschicht gin d’Kanner an d’Thema agefouert. Duerch d’Kniwwel sollen d’Kanner hir eegen Talenter entdecken a mat verschiddene Materialie Bekanntschaft maachen. Et geet nët drëm, dass d’Kanner alles fäerdeg bréngen a kleng Konschtwierker schafen. Villméi solle si hir Fähegketen ausprobéiere kënnen. Duerch d’Spill kënnen d’Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem Ëmfeld an hirer Ëmwelt auserneesetzen.

2. Mäi Kand wëll matmaachen

Wann ärt Kand bei de Biber matmaache wëll, oder wann et einfach emol eraschnuppere wëll da kënn Dir einfach mat him laanscht an eng Versammlung kommen wou et sech dat ganzt da mol ukucke kann. Wann et him dann gefällt kënnt Dir déi weider Detailer direkt mat engem vun de Cheffen beschwetzen.

3. Konzept 

Zanter 2013 hunn sech déi Nidderaanwener Biber d’Zil gesat, all d’Versammlungen integral dobaussen an der Natur ofzehalen. Och eis Sortien, Weekender an de Camp wäerten mir sou wäit ewéi méiglech dobaussen ofhalen.

Firwaat dësen Challenge? Engersäits versicht een als Chefekipp ëmmer mol gär nei Saachen aus, fir dat een selwer mat der néideger Motivatioun un déi Saach erugoe kann. Des weideren ginn et vill Beispiller déi weisen, dat et duerchaus méiglech ass sech just dobaussen opzehalen, wéi et z.B. “Wald-KiTas” virmaachen. An engems versiche mir och eis Aktivitéiten mat esou mann ewéi méiglech Material duerchzeféieren an esou och d’Kreativitéit vun de Kanner ze förderen. An last but not least: wien huet als Kand net gär dobaussen gespillt, sech knaschteg gemaach an ass an de Pill ronderëm gesprong?