top of page

Alter

14 - 17 Joer

CaraPio ass d’Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat sinn Jugendlecher tëscht 14 a 17 Joer.

Versammlungen

19:00- 21:00 Auer

D’Versammlunge fannen all Freiden vun 19:00 bis 21:00 Auer statt.

Aktivitéiten

Abenteuerlech

Och bei de Pio ginn wärend dem Joer etlech Weekender organiséiert, esou wie een groussen Camp am Summer, wou si bis zu zwou Wochen am Ausland an Zelter schlofen a flott Aktivitéiten maachen.

An dësem Alter hellt den Drang zur Eegestännegkeet staark zou an heimat hunn si d’Méiglechkeet mat der Ënnerstëtzung vun hire Cheffen, selwer hire Programm ze organiséieren, et gëtt also ganz vill Wäert op d’Matbestëmmung geluecht. Sie kennen eegestänneg hier Aktivitéiten wielen an virbereeden. D’Matverantwortung an d’Engagement ginn hei also grouss geschriwwen. 

Et geet drëm, eng eegestänneg Astellung zum Liewen ze fannen, Een deen Aneren ze respektéieren an selwer Responsabilitéit ze iwwerhuelen. 

D'Method

Eegestänneg Problemer léisen

Responsabilitéit fir seng Matmënschen

Nei Géigenden entdecken

bottom of page