De Grupp Schetzel Nidderaanwen gouf 1985 vun e puer Motivéierte Cheffen an d’Liewe geruff dei et färdeg bruecht hunn dei Jonk aus der Gemeng ze motivéieren an hinnen de Scoutismus mei no ze brengen.

Iwert d’Joeren as de Grupp gewuess an et as vill geléiert an flottes erliewt ginn. Frëndschafte fir d’Liewe si geschloss ginn mam Resultat dass bis haut nach emmer Memberen am Grupp aktiv sinn dei deemols hier Scoutscarrière an desem neien Grupp ugefaangen hunn.

Vill motivéiert Kanner, Cheffen, Elteren (an der Amicale oder an diversen Kachéquipe) an net ze vergiessen eis Gemeng hun de Grupp Schetzel zu deem gemaat wat en haut aus, e groussen, nach emmer jonken an dynamesche Grupp