top of page

Alter

6 -8  Joer

D’Biber sinn de jéngste Grupp an de Scouten a riichte 

sech u Kanner vun 6 bis 8 Joer.

Versammlungen

14:00 - 16:00 Auer

D’Versammlunge fannen all Samschden vun 14:00 bis 16:00 Auer statt.

Aktivitéiten

opreegend

D’Biber ginn all Joer op e flotten Camp, wou si zesummen bis zu 3 Nuechten an engem Chalet hei am Land verbréngen.

D'Method

An de Biber geet et drëms de Kanner d’Liewen am Grupp méi no ze bréngen an hinnen bäizebréngen een deen aneren, esou ewéi och d’Natur ze respektéieren. Si léieren et sech fir d’Zesummeliewen an Gemeinschaft ze begeeschteren an eng positiv Astellung zum Liewen an der Natur z'entwéckelen. Et geet drëms de Kanner ze weisen, dass mer, obwuel mer all verschidde sinn, aner Reliounen oder Hautfaarwen hunn oder verschidde Sprooche schwätzen, zu enger grousser Famill gehéieren, dass mer all d’selwecht sinn. 

 

D’Haaptelementer vun der Bibermethod sinn «d’Bibergeschicht, d’Kniwwel an d’Spill». Mat enger klenger Geschicht ginn d’Kanner an d’Thema agefouert, duerch d’Kniwwel léieren se hier eegen Talenter a motoresch Fäegkeeten kennen an benotzen. Duerch verschidde Spiller kennen d’Kanner sech aktiv mat hirem Ëmfeld auserneesetzen an nei Erfarungen sammelen.

Natur

Spill a Spaass

Respekt

Ech melle mäi Kand un

Merci fir d'Umëllen!

Anker 1
bottom of page