Dateschutz a Privatsphäre:

scouten.lu as de Website vun Lëtzebuerger Scouten Gemeng Nidderaanwen, a.s.b.l.

Dese Site benotzt keng Cookies fir Visiteuren ze tracken oder Profiler ze erstellen.

Et gi wuel anonym Statistiken gefouert vun de Visiteuren vun desem Site, mee de ginn um Webserver selwer ausgewert an gi net weidergeleed.

Donnéen dei an dei eenzel  Kontaktformularer agefëllt ginn, gi per Email un dei jeweileg responsabel Persounen weidergeleed. Des Emailadressen kennen duerchaus ausserhalb vum @scouten.lu Domain leien, (all eenzelnen Chef huet seng Privat Email do wou en well).
Zousätzlech ginn dei Formulardonnées am System selwer gespeichert, fir de Fall wou den Email net haett kenne verscheckt ginn. Des Donnée gi spéitsdens no engem Joer gelëscht.

Bei Dateschutz Froen, Umierkungen oder  Problemer, kenn der iech per Email un folgend Adress wenden:


oder per Bréifpost un:

Lëtzebuerger Scouten Gemeng Nidderaanwen, a.s.b.l.
33 Z.I. Breedewues
L-1259 Senningerberg