top of page

Alter

17-23 Joer

RaRo ass d’Ofkierzung vu Ranger a Rover, Meedercher a Jongen vu 17 bis 23 Joer.

Versammlungen

D'Rover treffen sech a reegelméissegen Ofstänn fir hier nächst Aktivitéit ze plangen.

Aktivitéiten

Locker

Nieft Versammlungen organiséieren d'Rover gemeinsam Owender (Spillowend, Racletteowend,...) a Sortien.

Montée 2017: 

E "Ritual" bei dem een verschidden Aufgaben erfëllen muss fir an di nächst Branche ze kommen. Mir waren an der Staat ënnerwee an hunn nawell vill witzeg Momenter erlieft.

D'Method: 

D’Raro sinn an engem Alter, wou se selwer eegestänneg Entscheedungen treffen oder virbereede mussen: d’Wiel vun enger Liewensorientéierung. Den Numm vun dëser Branche ass Ausdrock vun dësem sichen an ënnerwee sinn. 

Déi Jugendlech solle lues an lues duerch Aktivitéiten an Entscheedungen bewosst un hirem Erwuessesinn an Engagéiertsinn schaafen an si dobäi ze ënnerstëtzen.

bottom of page