Scouten NidderaanwenLëtzebuerger Guiden a Scouten · Grupp Schetzel
Frënn vun den Nidderaanwener Scouten · Grupp SchetzelGegrënnt den 10. Abrëll 2013

Eis Amicale & Frënn.

Den 10. Abrëll 2013 ass d’Amicale «Frënn vun den Nidderaanwener Scouten» offiziell an d’Liewe geruff ginn. Si besteet zum gréissten Deel aus Elteren vu Kanner a Cheffen aus dem Grupp.

Zanter 2013
Elteren, Ehemaleger & Frënn
Tatkräfteg Ënnerstëtzung
Eis Amicale bei enger Aktivitéit vum Grupp Schetzel
Frënn vun den Nidderaanwener Scouten
Amicale am Asaz
Zesummen eng Hand upaken.
01 / Eis Missioun

Moralesch, logistesch a finanziell un der Säit vum Grupp.

Zousätzlech gräifen si eis bei groussen Aktivitéiten wéi zum Beispill dem Adventsmaart oder dem Buergbrennen tatkräfteg ënnert d’Ärem.

Gemeinschaft

Moraleschen Halt

D’Amicale verbënnt Elteren, fréier Cheffen a Frënn vum Grupp a stäerkt de Réckhalt fir déi aktiv Jugend- a Chef-Ekipp.

Um Terrain

Logistesch Hëllef bei Eventer

Ob beim Dekoréiere vun den Adventskränz, beim Buergbrennen oder op Fester: d’Amicale packt iwwerall do mat un, wou Hänn gebraucht ginn.

Support

Finanziell Ënnerstëtzung

Duerch hir Aktiounen an hiren Engagement hëlleft d’Amicale dem Grupp bei Anschaffungen, Material an Aktivitéite fir d’Kanner a Jonker.

Matmaache ka jiddereen!

Matmaache ka jiddereen deen sech dem Grupp verbonne fillt a gewëllt ass eng Hand mat unzepaken. Mellt Iech einfach iwwer eise Kontaktformular.

02 / Abléck

Klickt op eng Foto fir d’Galerie am Groussen opzemaachen.