Eis Branchen
Hei fënns du d’Branchen vun de Scouten Nidderaanwen. Et ass fir all Alter eppes dobäi! Fir méi gewuer ze ginn klickt op d’Fotoen.
016 -8 Joer
Biber
D’Biber sinn de jéngste Grupp an de Scouten a riichte sech u Kanner vun 6 bis 8 Joer.
028 - 11 Joer
Wëllef
D’Wëllefcher riichte sech u Kanner vun 8 bis 11 Joer an sinn domadder di zweet jéngsten Branche an den Scouten.
0311-14 Joer
AvEx
AvEx ass d’Ofkierzung vun Aventuren an Explorer, dat sinn Jugendlecher vun 11 bis 14 Joer.
0414 - 17 Joer
CaraPio
CaraPio ass d’Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat sinn Jugendlecher tëscht 14 a 17 Joer.
0517-23 Joer
RaRo
RaRo ass d’Ofkierzung vu Ranger a Rover, Meedercher a Jongen vu 17 bis 23 Joer.
0623-100 Joer
Albatrossen
D‘Albatrossen sinn Erwuessener vun 23 bis 100 Joer. Hir Ziler sinn di nämlech wie déi vum ganzen Verband. Mee eleng duerch den Alter erginn sech aner Méiglechkeeten an Ufuerderungen.
Loscht fir matzemaachen oder laanschtzeluussen?
Wielt d’Branche, déi bei Iech oder Ärem Kand passt.
