Scouten NidderaanwenLëtzebuerger Guiden a Scouten · Grupp Schetzel
Scouten Nidderaanwen · Lëtzebuerger Guiden a ScoutenZanter 1985

De Grupp Schetzel.

De Grupp Schetzel gouf 1985 vun e puer motivéierte Cheffen an d’Liewe geruff an ass haut e groussen, jonken an dynamesche Grupp fir Kanner a Jonker aus der ganzer Gemeng Nidderaanwen.

Gegrënnt 1985
6 Branchen · 6 bis 100 Joer
Scoutshome um Senningerbierg
Grupp Schetzel Nidderaanwen op Aktivitéit
Grupp Schetzel · Nidderaanwen
Scoutsliewen am Grupp Schetzel
Frëndschafte fir d’Liewen.
01 / Zanter 1985

E jonken an dynamesche Grupp.

De Grupp Schetzel gouf vun e puer motivéierte Cheffen an d’Liewe geruff déi et fäerdeg bruecht hunn no an no ëmmer méi Jonker aus der Gemeng ze motivéieren fir hinnen de Scoutismus méi no ze bréngen.

Iwert d’Joren ass de Grupp gewuess an et ass vill geléiert a Flottes erlieft ginn. Frëndschafte fir d’Liewe si geschloss ginn mam Resultat dass och haut nach ëmmer mol nees Memberen, déi deemools hier Scoutscarrière an dësem neien Grupp ugefaangen hunn zeréck luussen kommen.

Di vill begeeschtert Kanner, Cheffen, Elteren an net ze vergiessen eis Gemeng hunn de Grupp Schetzel zu deem gemaach wat en haut ass: E groussen, nach ëmmer jonken an dynamesche Grupp!

Kanner & Jonker am Mëttelpunkt

Vu 6 Joer bei de Biber bis an d’Erwuessenenalter bei de RaRo an Albatrossen: all Altersgrupp erlieft Natur, Verantwortung an Teamgeescht op seng eege Manéier.

Benevolat & motivéiert Cheffen

Eis Cheffen engagéieren sech all Woch fräiwëlleg fir abwechslungsräich Versammlungen, Weekender a grouss Summercampen op d’Been ze stellen.

Elteren, Amicale & Gemeng

Zesumme mat den Elteren, eiser Amicale an der Gemeng Nidderaanwen droe mir e liewegt Veräinsliewen duerch dat ganzt Joer.

02 / D’ganzt Joer aktiv

Adventsmaart, Buergbrennen, Camp a villes méi.

Dat ganzt Joer iwwer hëlt eise Grupp un traditionellen Eventer an der Gemeng Deel oder organiséiert se. Zéck net a komm eis eng Hand mat upaken oder laanscht luussen!

Fréijoer

Buergbrennen

Traditionellt Buergbrennen mat defteger Lënsenzopp, waarme Gedrénks a gudder Stëmmung fir déi ganz Gemeng.

Summer

Fête de la Musique & Ofschloss

E gudde Panesch op der Fête de la Musique an e gemittleche Patt op eiser Ofschlossfeier virun der Summervakanz.

Highlights

Summercampen & Weekender

Den Héichpunkt vum Scoutsjoer: zesummen am Zelt oder am Chalet hei am Land an am Ausland onvergiesslech Erënnerunge sammelen.

Advent

Adventsmaart

Schéin dekoréiert Adventskränz ënnert dem Chrëschtbeemchen, Chrëschtdeko, Iessen a Musek beim Scoutshome um Senningerbierg.

Loscht fir matzemaachen oder laanschtzeluussen?

Ob als neie Scout an enger vun eise 6 Branchen, als Chef oder als Hëllef an der Amicale: mir freeën eis op dech!

03 / Fotoen

Klickt op eng Foto fir d’Galerie am Groussen opzemaachen.